Déi démissionéirend Jugendkommissioun vum FC Käerch huet et fir néideg fonnt seng Vue iwwert d’Generalversammlung vum FC Käerch vum 30. Juni 2016 ze ginn an dësen Avis um Site vun der aaler „Entente SKS“ ze publizéieren.

 

Dëst wëll de Comité vum FC Käerch dann och man. Nët, dass mer dat fir wichteg haalen oder Dëst üblech wier, mee fir Saachen, déi behaapt ginn an nët d’Réalitéit duerstellen, respektiv gelunn sinn, richteg ze stellen. Wéi soen se bei den Fransousen: „qui ne dit mot conscent“, an dat kënne mer an dësem Fall nët man.

 

Op der Generalversammlung hunn de Präsident vum FC Käerch an de Leo (Comitésmember) déi démissionéirend Jugendkommissioun ernimmt an hier Merci gesot. Dofir ginn et ëmmerhin 60 Zeihen, dorënner Gemengevertrieder. Der Jugendkommissioun gouf och ënnert dem Punkt 4 vum „Ordre du Jour“ vun der Generalversammlung ugebueden fir e Rapport ze man, wat awer aus wéi enge Grënn och ëmmer ofgeleent ginn ass.

 

Waat d’Finanzen an déi 16.000€ uginn ass d’Réalitéit die Folgend:

 

Déi Suen, déi d’Jugendkommissioun zur Verfügung hat fir autonom kënnen ze schaffen, waren ëmmer dem FC Käerch seng. De Club brauch also keng Spend vun der Jugendkommissioun, sou wéi dat hei duergestellt gëtt. D’Keess, mat där d’Jugendkommissioun an d’Saison 2015-2016 gestart ass, hat en Solde vun iwwer 32.000€ opweises. Dëse respektable Montant ass vun der Jugendkommissioun iwwert déi läscht 10 Joër erwirtschaft ginn.  

 

Iwwert déi läscht Saison huet d’Jugendkommissioun also 50% vun der Keess, déi op sou laang Zäit opgebaut ginn ass, an engem Joër ausginn. Déi grouss Poste sinn:

- divers Iessen an Feiren fir +/- 4.500; e ganz héige Montant, wann ee bedenkt wat fir sou Evenementer am Seniorsbereich ausgi ginn ass.

- Fussballsmaterial fir +/-5.000€ (Uniformen an Trainingsmaterial); op Nofro bei de Fournisseuren an engem Inventaire, ass festgestallt ginn, dass et sech ëm Saachen handelt, déi gréisstendeels nët méi zu Käerch leien!! D‘ Bäll mat deenen d’Kanner zu Käerch traineiert hun sin och gréisstendeels fort.

- Bonge fir Spiller fir +/- 5.000€; woubäi Bonge vu 50€ an 150€ derbäi waren, freet sech wien déi vun 150€ krut.

 

Des Depensen stin an kengem Verhältniss mat den Depensen dei di läscht Joeren gemeet gi sin.  Dobai kennt dass et en Joer ouni Recetten vun Manifestatiounen well d’Jugendkommissioun decideiert huet neischt z’organiseieren nodeems Decisioun vun der Opléisung vun der „Entente SKS“ geholl gin war.

 

De Comité vum FC Käerch seet also nët Merci mee weist sech enttäuscht iwwert d’Art a Weis wéi mat der Kees ëmgaang ginn ass a freet sech op Dëst eng „gestion en bon père de famille“ ass. De Comité betount och, dass dat Ganzt Botzen vun Vestiairen a Wäsche vun Uniformen vun alle Jugendéquipen, déi zu Käerch gespillt hunn, iwwert déi läscht Joren vu senger Keess bezuelt goufen.

 

Den 1. Schäffen den Här Mousel huet der Jugendkommissioun an der Generalversammlung merci gesoot, leider stoungen des Informatiounen him net zur Verfügung.

 

Fazit: Wann ee Saache vu sech gëtt, soll een et bei de Fakte beloossen a wann déi nët fir ee schwätzen, einfach d’Saach op sech beroue loossen.

 

De Comité huet och e Feeler gemeet, nämlech de Jugendberäich zevill aus der Hand ze ginn. Dëst waert och an Zukunft nët méi de Fall sinn. Mir sinn der Meenung, dass d’Jugendkommissioun iwwer Joren eng gudd Arbecht gemeet huet, mee et no der Décisioun d’ “Entente SKS“ opzeléisen et u korrektem Verhaalen gefeelt huet. Eng Entente besteet op bilateraler Zesummenarbecht fir e gemeinsamt Ziil, nämlech d’Jugend bis an d’Senior A ze féieren. Dëst ass awer leider eng Philosophie, déi den „SC Stengefort“ scho laang nët méi huet. Nodeems d’Jugendkommissioun an hierer Publikatioun de Präsident vum FC Käerch perséinlech ugegraff huet, sief och nach gesot, dass beim FC Käerch d’Décisiounen vun engem Comité geholl ginn an nët, wéi dat bei verschiddenen anere Veräiner de Fall ass, vun enger Persoun.

 

Den FC Käerch verlaangt desweideren, dass dat Fussballmaterial waat dem Klub gehéiert bis speitstens den 1. September 2016 den Wee ness op den Déckebierg fennt an Erklärungen heizou. Am aneren Fall behält sech de Klub d’Recht op aner Schrett an d’Weer ze leeden.

 

De Comité vum FC Käerch

 

 

Annexe: Bericht um Internetsite vun der aaler „Entente SKS“

Generalversammlung vum FC Käerch aus der Vue vun der freiere Jugendkommissioun

An der Generalversammlung vum FC Käerch en Donneschdeg den 30. Juni huet de President vu Käerch die demissionär Jugendkommissioun mat kengem Wuert während der ganzer Generalversammlung ernimmt. Hien huet hinne weder Merci gesot fir di laangjähreg Aarbecht dei si geleescht hun, nach huet hien e Wuert iwwer dei 16.000 Euro dei d’Jugendkommissioun hinnen an d’Kees gin huet verluer.

Dëse Montant ass baal d’Halschent vun hierem Budget, a wuel e gudde Fous hannebäi.
Och wann dat lescht Joer net ëmmer einfach wor, an och verschidde Meenungsverschiddenheeten do woren, daerf een d’Leit iewer net einfach ignoreieren.
Här President, fir dës Aktioun kritt dir vun eis eng glaat Null.

Den 1. Schäffen, den Här Mousel, huet do schon e bessi aanescht reageiert, an a senger Ried der Jugendkommissioun Merci gesot, an och ernimmt, dass si dem Comite 16.000 Euro an d’Kees gin hun. Dofir, Merci Här Mousel.

 

Och de Leo huet der Jugendkommissioun Merci gesot fir hier Aarbecht. Dofir och dir Leo, Merci. 

 

Source: (www.sks.lu)

 

 

 

Les commentaires sont fermés.