News vum Déckebierg


18 April 2024

De Veräin ass schonn eng Zäitchen amgaang déi nei Saison ze preparéieren.

An dësem Kontext an no laange Gespréicher an Iwwerleeungen, huet eise Coach de Gilles Wagner aus diverse verständleche Grënn a mat schwéierem Häerz no 4 Joer um Déckebierg decidéiert d’nächst Saison net méi Trainer beim FC Käerch ze sinn.

Iwwert dës Period huet de Veräin eng ganz positiv Evolutioun matgemaach. Wat de sportleche Beräich ugeet, läit dat zum Groussdeel un der exemplarescher Aarbecht an um Engagement vum Gilles an dem ganzen Trainerstaff.

No de Covid Joren hu mir 2 Joer am Top 5 ofgeschloss an an der Saison 21/22 de Barragematch gespillt fir den Opstig an d’Divisioun 1 deen eis am Eelefmeterschéissen net sollt geléngen. Och dës Saison sti mir aktuell op enger Barrageplaz a wäerten trotz dem Verletzungspech alles dru setze fir eng vun de Barrageplaz ze verteidegen an eis nees eng Final em d’Divisioun 1 ze erspillen. Zesumme mam Staff, de Spiller, de Supporter an dem ganze Veräin eis mat engem Opstig fir déi haart Aarbecht ze beloune géif dem ganzen d’Kroun opsetzen a bleift d’Ziel vun dëser Saison.

Mir soen op dëser Plaz dem Gilles e ganz grousse Merci fir seng super Aarbecht a säin Engagement um a nieft dem Terrain. Mir ginn a ganz gudden Termen an a Frëndschaft auserneen a freeën eis drop eis um Déckebierg ze begéinen.

Mir wëllen op dëser Plaz och bekannt ginn dass eis Goalkeeper Trainer Pit Theis an Alain Agosta hir Trainer Karriär aus perséinleche Grënn pauséieren, respektiv un den Nol hänken. Dat gëllt och fir eise Kiné de Charles Simon deen d’nächst Joer wäert an d’Ausland schaffe goen an eis soumat verloosse muss. Och hinnen e grousse Merci fir hir super Aarbecht an Engagement. Och eis Weeër wäerten eis an Zukunft kräizen.

De Veräi steet aktuell sou gutt do wéi di lescht 24 Joer net méi a kraazt un der Divisioun 1 wou mer an der Saison 1999-2000 fir d’läscht waren. Mir wäerten eis déi néideg Zäit gi fir de richtegen Trainer fir de Poste vun Headcoach ze fannen an dës Aarbecht a Projet weider ze féiere an dat mat der Philosophie di mer beim FC Käerch liewen.

Lo gëllt et eis a 6 Finalen de Barragematch ze erkämpfen an eis dann hoffentlech ze belounen!

Mir soen eisen treie Fans elo scho merci fir hire Support deen si eis all Weekend ginn.

Déckebierg huel se!!