Confirmatioun "néien" Trainerstaff!


19 March 2022

Et ass eng ganz speziell Saison beim FC Käerch, mat ganz gudde sportleche Leeschtungen an och vill personellen Ännerungen.

Wei der schonn op verschidde Medie konnt liesen ass den FC Käerch nees mam Gilles Wagner als 1. Trainer zesumme komm.

No ganz gudden a konstruktive Gespréicher wëlle mer de Projet, dee mer viru bal 2 Joer zesummen an erfollegräich gestart hunn, weider féieren.

Och en aneren Ex-Trainer ass nees um Déckebierg an assistéiert de Gilles. Riets ass vum Achten Marco deen di meescht vun iech scho kennen. 

Welcome back iech Zwee!

Completéiert gëtt de Staf vun eise Goalkeeper Trainer de Marc Kremer an Alain Agosta an eisem Kiné dem Charles Simon.

Mir si frou an héich motivéiert mat iech an dem ganze Grupp an Zukunft ze schaffen.

Lo gëllt et di gutt Saison ze confirméieren. Scho muer geet et weider géint Uespelt um Déckebierg.

Déckebierg Huel Se!!!