FUESPARTY

Foto vun Teresa Pollini



14 January 2023

Di traditionell Fuesparty vum Käercher Fussball ass zréck. Dëst Joer op enger néier Plaz; nämlech am Duerfkessel zu Käerch
Dat ganzt ass de 4 Februar ab 18:30 bis an déif Nuecht.
Hannert den Turntables steet ab 21:00 den DJ AL a verwinnt Iech mat der beschter Fuesmusek vu Kölle bis Fausti.
Fir de klengen Honger ass nieft dem groussen Duuscht natierlech och erëm gesuergt, virum Café gëtt nämlech gegrillt!
 
Virverkaf: 5€
Oweskeess: 8€
 
Tickete kritt dir bei all Spiller oder Comitésmember vum FC Käerch an am Duerkessel zu Käerch.