Néien Trainer Staff


30 October 2021

News um Déckebierg!!

Mir si frou eise Memberen a Supporter eisen neien Trainer Staff kënnen ze presentéieren.

Ab nächster Woch wäerten de Patrick Leogrande an de Mike Leogrande eise Senior Grupp iwwerhuelen.

De Charles Simon bléift och weider en Deel vum Trainer Staff.

Och en Goalkeeper Trainer wäert zum Staff gehéieren. Do kommen d'News nach no.

Lo gëllt et gutt weider ze schaffen an di gutt Resultater ze confirméieren.

Eise Grupp ass extrem motivéiert a schonn de 07/11 gëtt et um Déckebierg géint den zweete Schengen en 6 Punkte Spill. Kommt also all erop eis Equipe ënnerstëtzen.

Déckebierg huel se!!