News Trainer Staff


06 November 2021

Nodeems mer Enn Oktober schonn eis Zwee nei Senior Trainer em de Patrick a Mike Leogrande bekannt ginn hunn, si mer frou kennen ze bestätegen dass de Marc Kremer weider en Deel vun eisem Staff bléift an sech haaptsächlech em den Encadrement vun de  Goalkeeper wäert këmmeren. Hien wäert och eis Goalkeeper an der Jugend trainéieren.

Ënnerstëtzt gëtt de Marc vum engem éiwege Käercher, dem Alain Agosta.

Mir si frou di zwee un Bord ze hunn. Domat steet eisen Trainer Staff:

Patrick Leogrande (Trainer)

Mike Leogrande (Co-trainer)

Marc Kremer (Goalkeeper)

Alain Agosta (Goalkeeper)

Charles Simon (Kiné)

Mir wënschen hinnen, dem Senior Kader an dem Veräi vill Succès fir Zukunft a fir di gutt sportlech Situatioun weider ze confirméieren.

Scho muer heescht et um Déckebierg de Leader FC Käerch géint den 2. FC Schengen, dofir kommt all d'Jongen ënnerstëtzen.

Déckebierg huel se!!