News Trainerstaff Senior


01 February 2023

Mir si frou iech kënne matzedeelen dass de Pit Theis eise Trainerstaff um Poste vum Goalkeeper Trainer ab der Réckronn completéiert.

Mam Pit konnte mer e ganz experimentéierten Ex-Goalkeeper an elo Goalkeeper Trainer u Bord huelen.

De Pit huet ënner anerem um RM Hamm Benfica, zu Monnerech an op der Fola Esch gespillt a war Goalkeeper Trainer och um RM Hamm Benfica, zu Mamer an op der Fola Esch wou hien ënnert dem Jeff Strasser an Dino Toppmöller d’Goalkeeper trainéiert huet.

Mir si frou dass elo eis Goalkeeper vum Pit senger Erfarung a Kenntnisser profitéiere kënnen.

Wëllkomm um Déckebierg Pit!

Assistéiert gëtt de Pit vum Alain Agosta.

Mir soen op dëser Platz och em Marc Kremer Merci fir seng geleeschten Aarbecht.

Déckebierg huel se!