News vum Déckebierg


26 November 2021

Virun der Wanterpaus ginn et nach eng Kéier wichteg Neiegkeete vum Déckebierg.

Wei di meescht vun eise Membere scho wëssen huet de Patrick Schiltz säi Posten als Comitésmember a President vum FC Käerch viru kuerzem néiergeluecht. De Patrick ass säit 1998 Member am Club a war scho laang Joren an der Jugendkommissioun täteg är hien 2014 de Poste vum President vum FC Käerch iwwerholl huet.

Duerch säin Engagement a seng onermiddlech Aarbecht huet hien zesumme mam Comité e grousse Verdéngscht drun dass de Club haut sou opgestallt ass wei en ass. Iwwert esou eng laang Zäit am Benevolat an engem Club an als President erlieft een Héichten an Déiften, woubäi di schéi Momenter ganz sécher bei wäitem iwwerweien.

Am Numm vum Veräin a vun denge Kolleegen aus dem Comité, e grousse Merci Patrick fir däi Jore laangen Asaz fir de Veräin an di flott Zäit an Zesummenaarbecht. Mir gesinn eis ganz sécher nach ganz oft um Déckebierg fir eis Equipe unzefeieren an e Patt zesummen ze huelen.   

Wann en President no sou laanger Zäit ophält gëtt natierlech vill geschwat a spekuléiert wien an Zukunft dëse Poste wäert iwwerhuelen. Iwwert di lescht Wochen hunn de Patrick an de Comité sech deemno Gedanke gemaach an de Veräin ass frou elo kënnen ze annoncéieren dass mer mat engem laangjärege Clubmember, dem Charel Leesch, e néie Comitésmember an och President fonnt hunn.

Di allermeescht wäerten de Charel scho kennen. Hien huet als Käercher Jong 1994 am Alter vun 8 Joer seng éischt Jugendlizenz beim FC Käerch gemaach an huet an allen Alterskategorië bis erop an der 1. Equipe zu Käerch gespillt.

No senger aktiver Zäit als Spiller fënnt de Charel domat nees de Wee zréck als aktive Member am Comité an als President vum Veräin wou hien ënner anerem mat alen Teamkolleegen a souguer engem vu sengen Trainer sech wäert engagéiere fir de Veräin och an Zukunft weider ze bréngen.

Als Veräin si mir immens frou dass laangjäreg Memberen de Schrëtt gi fir sech benevol z’engagéieren an Responsabilitéiten iwwerhuelen a soumat d’Kontinuitéit vum Veräin assuréieren.  

No dëse bëssen Turbulenten an ongewéinleche Woche kënne mer eis also elo nees voll a ganz weider op de sportlechen Deel konzentréiere fir di ganz gutt éischt Hallschent vun der Saison positiv ofzeschléissen an an di wuel verdéngte Wanterpaus ze goen.  

Eis 2. Equipe ass schonn an der Wanterpaus a schléisst di éischt Hallschent mat 22 Punkten an 11 Matcher op enger ganz gudder 4. Platz of. Fir 1. Equipe bléiwen nach 2 wichteg Matcher Auswäerts géint Näerzeng an Doheem géint Lasauvage.

An deem Sënn, kommt all eis Jongen ënnerstëtzen an uféieren. 

Déckebierg huel se!!