Trainer Staff Demissioun


21 October 2021

Op der Basis vu verschidden Onstëmmegkeeten an trotz der excellenter sportlecher Situatioun, huet den Trainer Staff em de Gilles, Tomasz, Chris a Marc decidéiert hiert Amt néier ze leen.

Mir soen hinnen och am Numm vun der Equipe villmools Merci fir hir gutt Aarbecht iwwert di läscht 15 Méint an alles Guddes an der Zukunft op hirem weidere Wee. 

Mir ginn am Gudden an am géigesäitege Respekt auserneen.

Lo gëllt et an d’Zukunft ze kucken! Eisen Senior Kader deen an dëser Situatioun eng exemplaresch Astellung gewisen huet ass sou motivéiert wéi nach ni fir hir super Leeschtung vun dëser Saison weider ze confirméieren.

De Veräin wäert alles maache fir dëst ze erméiglechen a mir si sécher dass eis trei Supporter hiren Deel wei all Weekend wäerten dozou bäidroe fir eis Senior 1 an 2 weider ze puschen.

Déckebierg huel se!!