Sponsoren

Aktiviéiten

Den FC Käerch ass en Club deen iwwert di ganz Saison souwuel um sportleche wéi um extra-sportleche Plang ganz Aktiv ass an e sëllechen Manifestatiounen organiséiert.
 
Um sportleche Plang:
 
Den FC Käerch huet eng Senior 1 an eng Senior Reserve Equipe di an hiren respektive Championnater an an de Coupe (Coupe de Luxembourg an Coupe FLF) aktiv sinn.
 
Dozou kommen Jugendequippen an allen Kategorien (méi Detailer ënnert „Jeunes“) an eng Veteranen Equipe (méi Detailer ënnert „Vétérans“).
 
Matcher vun der Nationalequipe (Senior, Damen an Jugend) ginn och reegelméisseg um Terrain „Déckebierg“ zu Käerch ausgedroen.
 
Manifestatiounen:
  • Fuesparty am Februar
  • Kannerfuesbal
  • Eersichen fir d’Kanner zu Ouschteren
  • Grillen um Festival Beautiful Decay am Mee
  • Jugenddag (Jugendturnéier) op Christihimmelfahrt
  • Bedeelegung un der "nuit du sport"
  • Pouletsdag am Juni
  • Bëschfest – Senior Frëndschaftsturnéier iwwer 4 Deeg  am Juli
  • Raclettesowend am November
  • Bedeelegung um Niklosmaart deen vun der Gemeng Käerch organiséiert gëtt am Dezember
  • De Kleeschen kënnt fir d’Kanner op Käerch