Historique vum F.C. Käerch

Den Historique vum F.C. Käerch 

1932
Gebuertsjoer vum F.C. Käerch 

 

Zu Giewel sinn et etlech jong Borschten, déi Spass um Futtball fond hunn, e Sport deen zu Lëtzebuerg zanter dem Joer 1908 (Grënnung vun der lëtzebuerger Futtballfederatioun) esou richteg populär ass. Wat ass dat Wichtegst fir ze spillen, natirlech e Ball. Geld gëtt zesummengeluecht, den Här Brücher stellt eng Wiss zur Verfügung, lanscht d' Strooss vun Käerch op Giewel, op der Plaz genannt "Bei der Rettchen". An der Zäit vun dräi Wochen waren genuch Jongen zesummen getrommelt ginn fir direkt zwou Equippen. Déi Gieweler hunn hiren Houfert iwwerwonnen an och Käercher Jongen mat baigeholl, et soll ee wëssen déi Zäit war eng kleng Rivalitéit ënnert dénen zwee Nopeschdierfer. 

 

Ouschterméindeg, den 28. März 1932 war den éischten Optrëtt op der grousser Futtballbühn. Den F.C. Jeunesse Sportive Goeblange empfänkt doheem déi Eischt an déi Zweet Equipe vun Keespelt. Giewel II gewënnt 2:1 an Giewel I klappt Keespelt 2:0. D'Opstellung vun dénen zwou erfollegraïchen Equippen: Equipe I: Goal: Leon Harles; Verdeedegung: Victor Ries an Thommes Kreutz; Mëttelfeld: Jos. Bach, Ernest Altzinger, Félix Back; Stuerm: Al. Thillges, Marcel Barthel, Paul Wiesener, J. Heymes, Alb. Schuller. Equipe II: Goal: Albert Hensel, Verdeedegung: Karel Scharding an Norbert Schmit; Mëttelfeld: Remy Kieffer, Jean Kaiser, Jean Steimes; Stuerm: Jacques Scharding, Robert Schmit, Jean Zeimes, Jos Thill, M. Heim. 

 

E Joer méi spéit sinn déi éischten Schwieregkeeten opgetratt, de Veräin war net méi "Bei der Rettchen" wëllkomm an den Terrain gëtt op de Wee vu Giewel op d'Simmerschmelz verluecht. En Terrain deen op enger schlechter Plaz war. Sollt d'Zukunft vum Veräin um Spill stoen ? Neen. Um Wandhaff huet de Kesselesch Metti (Mathias Kesseler) Erbarmen mat de Jongen an stellt hinen d'Wiss un der Arlerstross gratis zur Verfügung. Aus dem "Bongert" genannt "op dem Galgen" gëtt een Futtballterrain, een Terrain op deem 41 Joer laang de Käercher Futtball doheem ass. 

 

1934/1935 

 

De Veräin gëtt offiziell an d' F.L.F. opgeholl. 

 

Den F.C. Jeunesse Sportive Giewel ass vun dëser Saison un Member vun der grousser lëtzebuerger Futtballfamill a spillt den 26. August 1934 säin éischten offiziellen Match am lëtzebuerger Championnat, d'Heemrees vu Stroossen op Giewel war kurz awer d'Gesiichter vun de Spiller laang, si hunn zu Stroossen 6:2 verluer. Um Wandhaff stoung den éischten Heemmatch 14 Deeg méi spéit, den 9. September 1934, um Programm an d'Millebach gëtt 2:1 geklappt. Erëm 14 Deeg méi spéit zweeten Victoire fir d'Jongen, déi Lampertsbierger verléieren um Wandhaff 3:1. Et sollt an dëser Saison och bei zwou Victoiren bleiwen. En Aperçu vun de Resultater vun dëser alleréischter Spillsaison: 

    

 

Stroossen- Giewel 6:2
Bartreng-Giewel 5:0
Millebach-Giewel 8:1
Neiduerf-Giewel 6:1
Lampertsbierg-Giewel4:0
Koplescht-Giewel 3:2
All Ufank ass schwéier, Giewel klasséiert sech um Enn op der 7. an leschter Plaz. 

Giewel-Stroossen 2:3 Giewel-Bartreng 3:4 Giewel-Millebach 2:1 Giewel-Neiduerf 0:7 Giewel-Lampertsbierg3:1 Giewel-Koplescht 3:5 

 

1935/1936 bis 1940/1941 

Et goung mat vollem Courage an déi zweeten Saison 1935/1936 eran an esou gewënnt Giewel den éischten Match um Wandhaff 4:0 géint Stroossen, zwou aner Victoiren sinn géint Äischen (2:1) a géint Habscht (5:0) gefeiert ginn, déi zwéi Matcher géint Zolver sinn mat engem Gläichspill ausgaangen (1:1, 2:2). Giewel klasséiert sech um Enn als 7/9 virun Schuller an Habscht. Den 13. Abrëll 1936 war d'Reservequipe vun der Red Boys Déifferdang um Wandhaff op Besuch an sinn 7:0 dominéiert ginn. 

 

D'Resultater ginn ëmmer besser an esou ass Giewel no der Saison 1936/1937 op der Plaz 5/8 erëm ze fannen. An dëser Saison gëtt et en Novum, den F.C. Jeunesse Sportive Giewel huet eng Reservequipe op d'Been bruecht. 

 

1937/1938 huelen nees zwou Giewelerequippen um Championnat deel. Den 22. August 1937 spillt Giewel säin éischten Match an der Coupe de Luxembourg a verléiert 4:0 am Neiduerf. 

 

Déi zwou nächsten Saisoen 1938/1939 an 1939/1940 plëtscheren ouni grouss Opreegung dohin, 1939/1940 fënd Giewel sech um Enn vun dem Championnat op der leschter Plaz erëm, zu dëser Zäit hunn d'Leit aner Suergen, den zweete Weltkrich stoung virun der Dir an d'Saison 1940/1941 war ouni Bedeitung. 

 

1945/1946 bis 1949/1950 

Aus dem F.C. Jeunesse Sportive Giewel ass 1945/1946 den F.C. Jeunesse Käerch ginn an d'Futtballferventen hunn sech gefreet erëm hir Sonndeger op den Terraien ze verbréngen, dëst no de schrecklechen Krichsjoeren. Déi Käercher droen vun dëser Saison un rout-schwarz Trikoen, déi blo-giel sinn nach just Souveniren. 

Um Enn vun der Saison 1946/1947 verloossen déi Käercher déi leschten Divisioun a klammen an déi 2. Divisioun op, nodems Käerch an de Barragematcher Knapphouschent, Schieren, Greiweldeng a Luerenzweiler geklappt huet, a just géint Useldeng (1:2) verluer huet. Fir d'éischt an der Geschicht vum Veräin ass eng Juniorenequipe ugemeld ginn, hiren éischten Match zu Clausen geet mat 9:0 verluer an d'Saison geet och op en Enn ouni Punkt fir de Käercher Nowues. 

Dat éischten Joer an der 2. Divisioun spillt sech 1947/1948 ouni Problemer of. Déi 

7/10 Plaz ass e gutt Resultat. An der Coupe du Sud, fir d'éischt organiséiert vun der F.L.F. verléiert Monnerech um Wandhaff 2:1, d'U.S. Esch war awer dann ze staark a klappt Käerch 7:1. 

1948/1949 geet de Wee zréck an déi 3. Divisoun an do war eng langweileg Saison ugesot, just siwen Equippen waren an der 3. Divisioun 4. Bezirk agedroen, Käerch klasséiert sech als 4. Gefeiert guff awer well een Fändel ageweit ginn ass. 

 

1950/1951 bis 1959/1960 

D'50er Joeren ginn mat gëllenen Buschstawen an d'Geschicht vum Käercher Futtball agedroen. Et ass 1950/1951 gemällech lass gaangen mat enger 4. Plaz an 16 Punkten Réckstand op Uewerkäerjeng déi ouni Punktverloscht an 2. Divisioun klammen. 

1951/1952 ass d'Rei dann un de Käercher Borschten, nëmmen Weimeschkierch kann hinen den Arm béien an dat zimmlech kräfteg, Käerch verléiert doheem 1:8 an auswärts 1:6 géint d'Spiller aus dem Faubourg, déi dann och Bezirksmeeschter ginn mat 6 Punkten Avance op déi "Wandhaffer". En drëtten Match war 1:2 zu Gasperech verluer gaangen. Eng vun den héichsten Victoiren feiert Käerch dat Joer géint Kielen (15:0). 

Als Opsteiger klasséiert sech Käerch 1952/1953 op der 4. Plaz mat nëmmen 4 Punkten Réckstand op de Leader Suessem. D'Chance fir ganz vir ze sinn guff déi dräi lescht Matcher verspillt mat 3 Defaiten: zu Stengefort 0:2, um Wandhaff géint Monnerech 3:4 an eng blamabel Defaite de leschten Match zu Hoen, bei der Lanterne rouge 2:6. Mat 82 geschossenen Goaler an 22 Matcher hat Käerch déi beschten Attaque aus der 2. Divisioun. Ouschteren koum et um Wandhaff zum éischten internationalem Match an der Gechicht vum Veräin, Etterbeek (Belsch) gewënnt 2:1 géint d'Lokalequipe. 

1953 ass d'Veräinskees staark strapazéiert ginn, Drainageaarbechten sinn um Terrain gemaach ginn, Duschen a Vestiairen gebaut ginn, jiddereen huet Hand do mat ugepackt. Um Terrain ass eng Beleuchtung opgeriicht ginn, dës huet aus engem enzechen Masten bestann a war eng wonnerbar Sach fir d'Trainingen och bei Nuecht ofzehalen an dat huet Friichten bruecht. Am Championnat 1953/1954 klasséiert Käerch sech op der 4. Plaz, schreiwt awer an dëser Saison eng vun de schéinsten Kapitelen an der Veräinsgeschicht. D'F.L.F organiséiert eng Coupe nëmmen fir d'Veräiner vun dénen dräi ënneschten Divisiounen. Den 14. Februar 1954 spillen an der Finale zu Mamer Käerch géint Weimeschkierch. Dës Käercher Equipe gewënnt mat 2:0: Norry Wagner, Ady Nothum, Emile Altzinger, Raym. Burg, Oscar Stamet, Marcel Jeitz, Norry Filbig, Erny Filbig, Roger Christiophe, Nic Schaaf, Gaston Nothum. Den Oscar Stamet, fréieren Spora-Spiller an 22-fachen Nationalspiller hat d'Jongen richteg agestallt. An derselwëchter Saison ass de Vainqueur vun der "Coupe du Sud" och Käerch no enger Victoire mat 2:1 géint Uewerkäerjeng. 

D'Saison 1954/1955 ass roueg verlaf, ze bemierken bleift dat no Joeren Abstinenz erëm eng Junior-Equipe um Dill war. Alphonse Jung, Alex Portzenem, Pierre Reiser, Fernand Schmit ënner aneren notzen dëst Sprangbried fir spéiter d'Stäipen vun der 

1. Equipe ze ginn. 

Déi nächsten Saison 1955/1956 leeft nach alles no Wonsch, d'Supporteren sinn frou iwwert eng Plaz an der Mëtt vun der Tabell. 

1956/1957 geet et biergof. Käerch klasséiert sech op der zweetleschter Plaz, do hëllefen och déi 56 an 22. Matcher geschossen Goaler naïscht, fënnef Gläichspiller an fënnef Victoiren ginn net dur fir an der 2. Divisioun ze bleiwen. 

Vun 1957/1958 bis 1959/1960 schléit Käerch sech méi gutt wéi recht an der 3. an leschter Divisioun erëm. Et fällt op datt d'Stiermer déi Joeren mat 94, 76 an 61 geschossenen Goaler hiren Mann stellen, defensiv leeft et net esou gutt. 

 

1960/1961 bis 1969/1970 

De Käercher Futtball durchliewt schwéier Zäiten an bis un d'Enn vun der Saison 1962/1963 guff weider an der leschter ( 3. Divisioun) gewurschtelt. 

Dunn hat d'F.L.F. 1963/1964 Erbarmen an et ass eng 4. Divisioun agefouert ginn. Käerch ass no dräi Victoiren an Barragespiller géint Zowasch, Kielen a Feelen an der 3. Divisioun bliwwen. 

Houfreg ass de Veräin déi nei Saison 1964/1965 ugaangen, awer de Wee ass ganz séier erëm no ënnen an 4. Divisioun gaangen , een Trouscht bleift am leschten Match vun dëser Saison, Käerch war laang net méi ze retten an spillt de leschten Match trotzdem 1:1 géint Zowasch déi dunn net opgestiegen sinn. 

D'éischt Equipe hat an dénen nächsten Joeren net vill opzeweisen. En Novum ass et 1965/1966 ginn mat der éischter Participatioun um Championnat vun enger Scolaires-Equipe, déi 10 bis 14-jähreg spillen hiren éischten Match den 4. September 1965 zu Nidderkäerjeng a gewannen 3:1. 

1966/1967 gëtt den Opstieg knapp verpasst, an de Barragematcher huet Iischpelt 3:1 géint Käerch verluer, dunn awer am décisiven Match géint Mutfert, um Terrain vun der Millebach, verléieren déi Käercher 0:3. 

Déi nächsten Saison 1967/1968 plëtschert esou dohin, do fällt awer op dat den Abseitssystem vun der zweeter Equipe, ënnert der Leedung vum Nic. Schaaf a Josy Schmit, net funktionéiert huet, 130 Mol huet de Käercher Goalkeeper hannert sech gegraff. 

1968/1969 ass Verstärkung komm mam Norbert Bertemes vun Hepperdang an dem Jempi Goedert aus Clausen. Fir e Lichtbléck suergt d'Junioren-Equipe. An der "Coupe du Prince" hunn d'Junioren Izeg, Hesper, Kéinzig an Péiteng éliminéiert, da war Schluss géint Union Lëtzebuerg, Nico Braun a Kollegen waren ze dominant a gewannen 11:0. Ënner aneren hunn dës Junioren eng formidabel Saison gespillt: Jean Bernard, Henri Berscheid, Serge Bruck, Jeannot Cornelius, Jean-Claude Frising, Raymond Greisch, Johny Hilbert, Adrien Quintus, Edy Ries, Michel Roben, Aly Thill, Marcel Thill, Armand Thilges, Alain Urbing, Raymond Wagener. Den Henri Berscheid, Raymond Greisch a Marcel Thill sinn an den Cadets-Nationalkader beruff 

ginn. 

1969/1970 war d'Saison vu grousser Freed a groussem Leed. Den Trainer Roger Barthel, deen säit 1967/1968 zu Käerch ass, huet gewosst d'Equipe ze motivéieren an d'Saison ass ofgeschloss ginn mat der éischter Plaz an enger Goaldifferenz vun 102:20, déi beschten vun allen Divisiounen an deem Joer. De Veräin huet am Dezember 1969 de Doud vum Romain Stemper ze bekloen, de fréieren Spora-Spiller ass nom Match zu Näerzeng durch en tragescht Autosaccident ëmt d'Liewen komm. 

 

 

1970/71 bis 1979/1980 

1970/1971 mécht Käerch eng onopfälleg Saison (6. Plaz). E Kontschtstéck huet den Aly Thill fäerdeg bruecht, mat 16 Joer schéisst hien am Spill géint Mertert (8:1) véier Goaler. En Desaster erliewt d'Scolaires-Equipe mat enger rekordverdächteger Bilanz: Aus siechzéng Matcher een Punkt an eng Goaldiffernez vun 1:122. 

Den Trainer Fränz Krippler féiert 1971/1972 déi Käercher an d'Zweet Divisioun an mam Opstieg ass och nach den Divisiounsmeeschter gefeiert ginn. Zu Äischen gewënnt Käerch 3:1 géint Réiden/Attert mat dëser Equipe: Harald Jost, Rol Mamer (Marc Agosta), Fr. Krippler, Carlo Weibel, Josy Nothum, Jean Altzinger, Armand François, Marcel Thill, Jeannot Cornelius, Aloyse Thill, Raymond Greisch. 

1972/1973 mécht de Raymond Clemen den Transfert vun der Union Lëtzebuerg op Käerch, hien hat nach dat Joer virdrun den Goal fir d'Union an der Coupe d'Europe geschoss am Match zu Valenica, d'Union huet 3:1 verluer, an elo soll hien zu Käerch Goaler schéissen. Eng 4. Plaz am Schlussklassement ass méi wéi honorabel. 1972 feiert Käerch sain 40e Anniversaire ënnert dem Virsetz vum Ernest Altzinger, President vum Organisatiounskomitee. 

1973/1974 geet de Championnat mat enger 6. Plaz an der 2. Divisioun op en Enn, den Héichpunkt vun der Saison war de Match um Wandhaff am Bulli géint Stade Diddeleng aus der Nationaldivisioun an der 4. Ronn vun der Coupe Luxembourg. D'Equipe guff trainéiert vum Nic. Schwinninger an den Turm an der Schluecht war den Raym.Scheuer, allen zwéin vun Téiteng. De Goalkeeper Harald Jost huet mussen a leschter Minutt ofsoen an de Jean Altzinger ass agesprongen, hien huet säit véier Joer net méi am Goal gespillt wéinst enger Ielebouverletzung. Déi Diddelenger setzen sech um Enn mat 3:2 duerch. Den 12. Juni 1974 ass am Café "Chez Nous" zu Käerch Grënnungsversammlung vum éischten Supporterclub, éischten President ass den Jean Schortgen. 

Den Zoustand um Wandhaff vum Terrain ass 1974/1975 net méi ze erdroen, ëmmer erëm ginn Matcher ofgesot, Trainingsbedingungen sinn onméiglech, dacks ass op engem Tipp vun Ponts et Chaussées trainéiert ginn an awer huet den Trainer Jean- Marie Nurenberg d'Equipe op déi drëtten Plaz gefouert, dräi Punkten hunn gefeelt fir opzesteigen. 

Vun der Saison 1975/1976 un ass den Terrain um Wandhaff Vergaangenheet. De 17. August 1975 ass "um Déckebierg" d'Aweiung vum neien Terrain a Presenz vum Inneminister Jos. Wohlfahrt an dem Sportkommissär Camille Polfer. An engem Galamatch ginn Käerch an de lëtzebuerger Champion Jeunesse Esch mat engem 

2:2 ausenaner. Et guff eng memorabel Saison 1975/1976, Käerch klëmmt vir d'éischt an hirer Geschicht an déi 1. Divisioun op, als Zweet hannert der US Esch. Dës Spiller ënnert dem Trainer Jean-Marie Nurenberg hunn dat Meeschterstéck fäerdeg bruecht: Fränz Berckes, Raymond Clemen, Jeannot Cornelius, Armand François, Pierre Heinisch, Roland Mamer, Jean-Marie Nurenberg, Jean-Marie Philippart, Aly Thill, Marcel Thill, Carlo Weibel, Claude Wolter. 

Eng Saison méi spéit war d'Zil net ofzesteigen, dëst Zil guff Realitéit mat enger 8/12 Plaz. 1977/1978 ersetzt de fréieren Red Black Spiller Jos Dumont de Jean-Marie Nurenberg als Trainer. Um "Déckebierg" war wuel en neien Terrain awer villes war net an der Rei, den Drainage an esou weider, esou datt Käerch seng Heemmatcher zu Habscht ausgdroen huet an awer ass eng 9/12 Plaz erausgesprongen. An der Coupe de Luxembourg war Schluss géint den Nationalsdivisouns-Veräin Chiers Rodange, bis 7. Minutten viru Schluss féiert Käerch 1:0 fir dann 1:2 ze verléieren. D'Cadetsequipe feiert dës Saison den Bezirksmeescher. 

1978/1979 klasséiert Käerch sech als 3. an der 1. Divisioun, déi beschten je erreechte Plaz an der Geschicht vum Club. Déi Saison guff d'Equipe verstärkt durch de Roger Noesen vu Simmer an dem Carlo Portzenem engem Nowuestalent. D'Junioren feieren de Bezirksmeeschter onui an véierzéng Matcher e Punkt ofzeginn mat enger Goaldifferenz vun 60:9. An der Coupe de Luxembourg war d'Red Boys vun Déifferdang op Besuch an hunn 8:3 gewonnen. 

Den Aly Thill mécht 1979/1980 den Transfert bei den Avenir Beggen an zu Käerch ass de René Noerdinger neien Trainer. Hien fiert dacks mat de Jongen an d'Belsch op Trainingsmatcher, eng 5. Plaz ass e gutt Resultat um Enn vum Championnat, d'Scolaires-Equipe huet de Championnat net un d'Enn gespillt. 

 

 

1980/1981 bis 1989/1990 

De Francis Mees vu Kielen an den Norbert Fischels vu Miersch wiesselen op Käerch an de Championnat 1980/1981 gëtt mat groussem Optimismus ugefaangen. No engen etlech verluerenen Matcher huet de Comité décidéiert den Trainer René Noerdinger ze entloossen an dat just nom 6:1 gewonnen Match zu Klierf an der Coupe de Luxembourg. Den Jean-Marie Nurenberg spréngt als Trainer an. Déi spéiter Opsteiger Iechternach a Veianen ginn auswärts geklappt an dann ginn déi sechs leschten Matcher verluer, äddi 1. Divisioun. 

En neien Ufank ass fir d'Saison 1981/1982 virgesinn. De Carlo Portzenem an de Jeannot Cornelius verloossen de Veräin, jonk Spiller sollen agebaut ginn. De Fernand Camporese vun der Diddelenger Stade gëtt neien Trainer. No zwéi Méint an ganz schlechten Resultater ass seng Zäit zu Käerch eriwwer. De Spiller Francis Mees an de Jang Altzinger sprangen an, d'Réckronn verléiert Käerch kee Match, awer fir de Opstieg ass et ze spéit, eng 4. Plaz steet am Schlussklassement. De Marcel Thill ass den neien President, hien leet vill Wäert op d'Jugendaarbecht. 

En erfuerenen Spiller de Roland Kalté ass vun der Saison 1982/1983 un Spillertrainer. Eng zu 100% ausgeglachen Saison geléngt dem fréieren Aris-Spiller, 6/12 Plaz, 22 Punkten vun 44 an eng Goaldifferenz vun 35:35. An der Coupe de Luxembourg gëtt Weimeschkierch, Nidderkäerjeng an Millebach éliminéiert, Schluss 

ass géint Avenir Beggen (0:2). Den 8. August 1982 feiert de Veräin sain 50e Anniversaire. President vum Organisatiounskomitee war de Constant Risch. Den Trapistenpater Karel Scharding, ee vun der Grënner vum Veräin, war houfreg e Gottesdengscht fir déi lieweg a verstuerwen Memberen ze halen. 

D'Saison 1983/1984 ass e Spigelbild vun der Saison virdrun awer mat enger 4. Plaz an nees 22 Punkten an enger ausgeglachener Goaldifferenz 38:38. An der Coupe de Luxembourg ginn véier Equippen erausgeworf: Walfer, Red Black, Gasperech, Baërdref, dann ass den Noper Habscht ze staark a gewënnt 3:0. 

Déi Kaërcher Stiermer weisen sech 1984/1985 vun hirer beschter Säit mat 51 Goaler aus 22 Matcher, de fënneften beschten Stuerm an der 2. Divisoun 2. Bezirk an awer klasséiert de Veräin sech 5. mat 9 Punkten Retard op den Leader Hollerech, an der Coupe de Luxembourg ass et Schluss nom éischten Match, eng 3:0 Defaite zu Eilereng no Verlängerung. 

D'Saison 1985/1986 ass eng dramatesch wat den Ofstieg ubelaangt. De Jean-Marie Jung huet den Veräin op Péiteng verlooss an dem Trainer Jean-Paul Martin seng Jongen hunn den Dadder bis zum Schluss. Dräi Equippen sinn erof geklommen: Schuller, Koplescht an Käl, déi Käler haten 19 Punkten genau wéi Käerch awer eng Goaldifferenz vun Minus 15 a Käerch Minus 12. Käerch huet fir d'éischt eng Minimes-Equipe op d'Been bruecht. 

Wat d'Saison virdrun Käerch gerett huet, guff hinen an der Saison 1986/1987 zum Verhängnis, als Zweetleschten mat 14 Punkten geet de Wee an 3. Divisioun, de Racing Rodange mat derselwechter Punktzuel bleift an der 2. Divisioun wéint der besserer Goaldifferenz. 

An der drëtter Divisioun ass Käerch elo laang Joeren doheem. 1987/1988 spréngt eng 8. Plaz ënner 12. Veräiner eraus. 

Déi Saison duerno 1988/1989 ass eng liicht Besserung ze gesinn, hannert dem Racing Rodange a Weiler fanne mir de Veräin op der drëtter Plaz mat dräi Punkten Retard op déi zween Opsteiger, dës Saison spillt Käerch mat fënnef Equippen: Eischt Equipe, Zweet Equipe, Junioren, Scolaires an Minimes 

1989/1990 steet Käerch um Enn op der 6. Plaz mat 14. Punkten Retard op de Leader A.S. Schëffleng déi mat Uespelt opsteigen. An der Coupe de Luxembourg ass A.S. Lëtzebuerg mat 3:1 geklappt ginn an dunn ass zu Esch de Match géint U.S. Esch 0:1 verluer ginn. 

 

 

1990/1991 bis 1999/2000 

D'Saison vun de Gläichspiller war 1990/1991. Am ganzen Championnat verléiert Käerch just 4 Matcher, spillt awer siwen Mol gläich, dat geet dur fir eng véierten Plaz, d'Jongen schnupperen d'Loft vun der 2. Divisioun. 

Déi Saison drop ass et Realitéit. 1991/1992 ënnert dem Spiller-Trainer Carlo Portzenem klëmmt Käerch an 2. Divisioun op als Bezirksmeeschter virun der Millebach déi méi eng schlecht Goaldifferenz hunn. De Käercher Kader war: Alain. Agosta, Luis Bernardo, Dos Santos, Germain Filbig, Jos. Loran, Aly Mangen, Guy 

Mangen, Guy Oster, Fränz Mees, Sylvain Ries, Luc Roj, Steve Roj, Alain Schmit, Marco Weydert. An der Coupe de Luxembourg geet de Wee bis an 16tel Final, do war Schluss géint de Vize-Champion Jeunesse Esch. Virun 650 Zuschauer gewannen déi Escher den 29. Februar 1992 um "Déckebierg" 6:0 (5:0). 

Déi Käercher schloen sech 1992/1993 gutt an der 2. Divisioun, am Schlussklassement figuréieren si op der 4. Plaz mat enger positiver Goaldifferenz vun fënnef Goaler. Am Laf vun der Saison gëtt de Carlo Portzenem vum Jean Kerger als Trainer ofgeléist 

An der Saison 1993/1994 spillt Käerch an dem 1. Bezirk vun der 2. Divisioun a mécht esou Bekanntschaft mat villen neien Géigner aus dem Norden. Käerch klasséiert sech als 6. mat 22 Punkten aus 11 Matcher. 

Käerch schéisst am Championnat 1994/1995 een Goal méi wéi den Opsteiger Téiteng an dach ass et eléischt am zweetleschten Match sécher datt de Veräin, mam Trainer Alain Palgen,an der 2. Divisioun bleift dëst no engem 2:2 zu Eilereng. An der Coupe de Luxembourg ass Schluss an der Achtelfinal, Käerch as déi enzech nach qualifizéiert Equipe aus der 2. Divisioun a verléiert 0:3 géint d'Aris vu Bouneweg aus der Nationaldivisioun. Bous, Näerzeng, , Äischen, Lamadelaine a Miersch goufen vun de Käercher éliminéiert . 

De 16. Mee 1996 gewënnt Käerch mat 3:0 zu Grevels an den Opstieg an d'éischt Divisioun ass perfekt. Eng formidabel Bilanz huet den Trainer Alain Palgen mat sengen Jongen 1995/1996 opzeweisen: Vun 22 Matcher ass een enzechen verluer gaangen, bai dräi Gläichspiller an enger Goaldifferenz vun 67:16. Den Trainer konnt op dës Jongen zielen: Alain Agosta, Luis Bernardo, Charly Bourquel, Paul Chambers, Rui Claro, Raymond Delpechin, Yves-Laurent Dockendorff, Carlo Fiedler, Claude Fonck, Paolo Martinuzzi, Luc Roj, Steve Roj. An der Coupe de Luxembpurg ass et net esou gutt gelaf, no enger 2:0 Victoire zu Käl huet A.S. Déifferdang 6:1 zu Käerch gewonnen. 

Déi Käercher maachen eng gutt Saison 1996/1997 an der 1. Divisioun, si ginn 8/14 an hunn d'ganz Saison kee Gedanken un den Ofstieg. An der Coupe de Luxembourg ass direkt Schluss no enger 2:7 Defaite zu Käerch géint d'Etzella Ettelbréck. 

1997/1998 ass UN Käerjéng éischt an der 1. Divisioun 2. Bezirk, Käerch ass 10/14 , aus der Junioren-Equipe packen véier Spiller spéiter de Sprong an d'éischt Equipe: de Carlos Barreira, de Philipp Crowther, de Piit Hornick an de Michel Schon. 

1998/1999 dominéiert Dikrech an der 1. Divisioun 1. Bezirk, Käerch klasséiert sech 9/14. De 7. März 1999 war d'Zweet Equipe vu Wolz 71 zu Käerch op Besuch, déi Wolzer verléieren 7:0 an spillen de Match mat 7 Mann op en Enn, véier vun de Leit aus dem Norden hunn missen éischter an d'Vestiairen. 

Déi 1. Divisioun ass Geschicht. No 17 Defaiten aus 26 Matcher ass Schluss an der 1. Divisioun, Käerch fällt an déi 2. Divisioun. Zu Lentgen geet de leschten Match vun der Saison 1999/2000 mat 5:3 verluer, de Steve Roj schéisst den 3:3 an schéisst esou de leschten Goal fir Käerch an der 1. Divisioun 

 

 

2000/2001 bis 2009/2010 

Den Emmanuel Marchal ersëtzt vun der Saison 2000/2001 un den Gilbert Schmit um Trainerposten. Déi zwéin éischt Matcher zu Klierf (4:1) an doheem géint Housen (0:5) ginn verluer an da koum eng laang Serie vun positiven Resultater, um Enn steet Käerch op der 4. Plaz. An der Coupe de Luxembourg ass direkt Schluss op der Zowaasch (3:2 verluer). 

D'Saison 2001/2002 ass flott ugaangen, Käerch klappt d'Zowaasch 4:0. Déi héichsten Victoire feiert dem Emmanuel Marchal seng Equipe doheem géint Käl 10:1 an déi déckste bei d'Baken guff et op der Zowasch mat 9:2. Vill gëtt fir déi Jonk gemaach mat enger Cadets-(zesummen mat Simmer), Poussins-, Minimes zu 7- an Pupillesequipe. An der Coupe de Luxembourg bleift et bai engem Optrëtt, zu Lurenzweiler verléieren déi Käercher 3:0. 

Eng néngten Plaz bei véierzéng Equippen an der 2. Divisioun gesäit gutt aus an dach hunn si 2002/2003 zu Käerch geziddert fir net erauszefalen. Dem Emmanuel Marchal seng Equipe huet just een Punkt Avance op den zweetleschten Bartreng déi mat Eilereng erausfalen. An der Coupe de Luxembourg éliminéiert Käerch dräi Equippen: Bartreng, d'Fiels, Fola Esch, Schluss ass zu Habscht (1:5). Fola Esch ass dat Joer aus der 1. Divisioun an d'Eiereprmotioun opgestiegen 

Déi leschten Saison esou just an der 2. Divisioun dran bliwwen, klammen déi Käercher esou just 2003/2004 net an d'éischt Divisioun op. Den Trainer Tun Darrosa steet um Enn mat senger Equipe op der 3. Plaz, eng Barrageplaz. No engem 3:3 géint Béiwen/Attert, geet den decisiven Match géint Izeg 2:4 verluer. Aus ass de Dram. An der Coupe de Luxembourg ass nom éischten Match géint Bissen ausgedreemt 

D'lescht Saison top, d'Saison 2004/2005 flop. De Wee geet zréck an 3. Divisioun. Et feelen um Enn dräi Punkten op den drëttleschten Bartreng. Nëmmen zwéin auswärts gewonnen Matcher (6:3 zu Bartreng a 4:1 zu Steesel) soen vill vun der Schwächt vun der Equipe aus. E ganz klengen Trouscht ass d'Victoire an der Coupe de Luxembourg géint Héngescht/Eschduerf 1:0, dann ass et eriwwer géint d'U.S. Esch (3:5). 

Merci der F.L.F., durch eng nei Divisiounsandeelung klëmmt Käerch 2005/2006, nom erofklammen an der Virsaison, direkt erëm an 2. Divisioun op an dat als Fënneft klasséiert mat zwéin Punkten Avance op de Sechsten d'Résidence Walfer. Den Herman Vosman war déi Saison den Trainer. 

Vun der Saison 2006/2007 un trainéiert de Marco Achten déi 1. Equipe. D'Stiermer weisen sech dës Saison net vun hirer beschter Säit, 28 Goaler aus 26 Matcher ass net iwwerzegend, just an zwéin Matcher schéissen déi Käercher méi wéi zwéin Goaler, dat doheem géint Bieles, 3:5 verluer an doheem géint Bartreng 3:0 gewonnen an esou spréngt um Enn eng 11/14 Plaz eraus. En Novum guff et an der Jugendaarbecht. Simmer, Käerch a Stengefort hunn sech zesummen gedoen ënnert dem Numm "C.F. Entente Aischdall SKS 06" an verschidden Jugendequippen op d'Been bruecht: Junioren, Scolaires, Minimes zu 9, Pupilles a Bambini. 

Am Joer 2007 war de Käercher Futtball a Feierlaun, 75 Joer sinn et datt de Veräin gegrënnt ginn ass. Den 23. März 2007 sinn déi renovéiert Buvette a Vestiairen ageweit ginn. Den 9. Abrëll waren d'Finalen vun der "Coupe du 75e anniversaire". Den 19. Mee war zu Giewel an der Breiesch Scheier e Pir Kremer Owend. De Pir Kremer ass e Käercher Jong, landbekannt an der lëtzebuerger Theaterzeen, hien war och e Käercher Futtballspiller. E Galamatch ass den 3. Oktober 2007 um "Déckebierg" tëschend der Lëtzebuerger Nationalequipe an der Belscher Equipe vum Beerschot gespillt ginn (2:1). De Roger Christophe war de President vum Organisatiounscomite De Championnat 2007/2008 ass awer och weider gaangen an emol guer net esou schlecht. Käerch steet um Enn op der 4. Plaz an der 2. Divisioun 3. Bezirk mat nëmmen véier verluerene Matcher, doheem ass just 1:0 géint Märel verluer ginn. Dacks sinn d'Matcher mat engem Gläichspill op en Enn gaangen 

( néngmol). 

De Fränz Mees iwwerléist no laangen verdéngschtvollen Joeren dem Jemp Procacci de Presidentenposten. Am Championnat 2008/2009 ass Kaërch um Enn op der 9. Plaz mat dräi Punkten Avance op d'Barrageplaz fir net erauszefalen. Op friemen Terraien sinn just zwéin Matcher gewonnen ginn, 2:1 zu Bruch an 5:1 zu Proz/ Réiden. Doheem ass Käerch déi enzech Equipe déi an all Match minimum ee Goal geschoss huet. An de Coupe de Luxemburg verléiert Käerch nodeem Märel an Tricolore Gasperech éliminéiert goufen 1:8 géint Iechternach, daat ass mat der 1:8 Defaite 1999/2000 géint Monnerech déi héichsten Defaite an der Geschicht vum Veräin an der Coupe de Luxembourg. 

De Veräin ass voller Courage an d'Saison 2009/2010 gaangen. Den Trainer Marco Achten huet an engem Interview an der Veräinszeitung als Zil eng Plaz ënnert de fënnef éischten erwaart. D'Enttäuschung ass um Enn grouss. Käerch steet mat 19 Punkten op der 12. Plaz, dat heescht an engem Barragematch geet et ëm d'Erausfalen aus der 2. Divisioun an do ass Chrëschtnech/Waldbëlleg mat 2:1 iwwerleen an de Wee geet an d'3. Divisioun. 

 

En neien Trainer, den Enver Kelmendi gëtt fir d'Saison 2010/2011 engagéiert, hien stoung an der jugoslawescher Junioren-Nationalequipe an huet zu Lëtzebuerg 169 Matcher an der ieweschter Divisioun gespillt (Habscht an Union Lëtzebuerg). Et sollt awer net klappen an d'2.Divisioun erop ze klammen. Vun 20 Matcher ginn der just sechs gewonnen a véier gläich gespillt, dat bedeit eng 7. Plaz vun 11 Equippen. 

 

Vun der Saison 2011/2012 un fusionnéiert Käerch mat Simmer ënnert dem Numm FC Käerch/Simmer. Et changéiert bai der 1. Equipe naischt wat d'Resultater ubelaangt. Drëtt Divisioun bleift weiderhin d'Heem vu Käerch/Simmer. Déi héichsten Victoire war en 3:0 zu Schuller an déi héichsten Defaite e 7:0 op der Zowasch. En Novum guuf et dës Saison, eng Dammenequipe spillt am Championnat mat, dës Equipe geet aus enger Fusioun mat Habscht an Äischen ervir. Zu Käerch guff am Joer 2011 en syntheteschen Terrain ageweit. 

 

Den Trainer Enver Kelmendi verléisst de Veräin a gëtt 2012/2013 durch den Duo Marco Palumbo an Lorenzo de Carolis ersat. D'Neierung hëlleft, Käerch/Simmer klëmmt e Stack méi héich an d'Zweet Divisioun. No der Hironn steet Käerch/Simmer op der 4. Plaz, um Enn sinn d'Jongen déi Zweet zwéin Punkten hannert Mutfert. Um 

 

"Déckebierg" ass kee Match verluer gaangen, auswärts zwéin 1:0 zu Näerzeng an 7:0 zu Mutfert. De Retour-Match géint Mutfert ass 1:1 op en Enn gaangen. Den FC Käerch/Simmer hat dës Equipe op de Terrain geschéckt: Kevin Reuter, Guy Carl, Yves Lill, Claude Bastian, Laurent Schiltz, Thierry Schmitz, Yannick Bashonga, Tim Epstein, Marian Nasui, Gilles Charlier, Cédric Eggen (Reservespiller: Greg Useldinger, Daniel Sachsen, Nuno Amorim) Zum Kader hunn ënner aneren gezielt: Tom Sawasdee, Fabrice Bartz, Andy de Michele. Déi Zweet Equipe verléiert an dëser Saison kee Match. Et ass och ganz gutt Aarbecht an de Jugendequippen gemaach ginn. D'Minimes an d'Poussins hunn et als Entente Käerch/Simmer/Stengefort bis an d'Véierelsfinale vun der Nationaler Coupe gepackt. 

 

Eng net schéin Saison 2013/2014 geet op en Enn mat enger zweetleschter Plaz an domatt fällt Käerch/Simmer erëm an déi drëtten a leschten Divisioun. D'Goaldifferenz schwëtzt fir AS Lëtzebuerg/Porto a Käerch/Simmer verléisst zesummen mat Eilereng d'Zweet Divisioun. Vun 26 Matcher sinn der just véier gewonnen ginn, doheem géint Lëtzebuerg/Porto, Gasperech an Eilereng an auswärts zu Iechternach. De Marco Palumbo huet nach während der Hironn als Trainer demissionéiert an de Lorenzo de Carolis war eléng responsabel, hien ass vum Daniel Neyken assistéiert ginn. 

 

Den Alain Palgen ass erëm do, hien trainéiert 2014/2015 zesummen mat sengem Assistent Luc Roj d'1. Equipe an dat mat groussem Succès. Vun 24 Matcher verléiert Käerch/Simmer ee Match an zwar 4:3 zu Schuller déi mat hinen an d'Zweet Divisioun opsteigen. Och un der Spëtzt vum Veräin guff et e Wiessel, de Patrick Schiltz iwwerhëlt de Presidentenposten vum Jemp Procacci. 

 

D'Saison 2015/2016 war eng ganz batter. D'Schlussklassement vun der 2. Divisioun 1. Bezirk ze liesen ass net schéin. 10. Jeunesse Useldeng 24 Punkten, Goaldifferenz Minus 8, 11. Young Boys Dikrech 24 Punkten, Goaldifferenz Minus 29, 12. FC Käerch/Simmer 24 Punkten Goaldifferenz, Minus 31, an aner Wierder Käerch/ Simmer muss e Barragematch spillen fir net erauszefalen an daat wéinst 2 Goaler Differenz. Zu Mamer kënnt et nach méi schlëmm, dësen Barragematch gëtt no Elefmeterschéissen géint Eilereng verluer, no 120 Minutten stoung et 1:1. 

 

D'Jongen erhuelen sech séier an verléieren an der d'Saison 2016/2017 just de Match géint Cebra 01 doheem mat 1:3, d'Montée an d'Zweet Divisioun ass perfekt. Déi héichsten Victoire guff et um "Déckebierg" géint Kénzig mat 9:0. En Highlight war d'Coupe de Luxembourg, Käerch (3. Divisioun) klappt Avenir Beggen (Eierepromotioun) no Elefmeterschéissen. An den 120 Minutten war kee Goal geschoss ginn. Schluss war dunn géint Wolz (0:3). Dammen vun der Entente Aïschdall feieren d'Montée an d'Zweet Liga mat enger 1. Plaz ënnert acht Equippen. 

 

Aus dem FC Käerch/Simmer ass den FC Käerch ginn an eng respektabel Saison 2017/2018 geet op en Enn mat enger 5. Plaz an der 2. Divisioun 1. Bezirk. Um "Déckebierg" huet all Géigner sech schwéier gedoen an Käerch verléiert doheem nëmmen zwee Matcher 0:3 géint Ell an 3:4 géint Bäerdrëf/Konsdref. Den Optrëtt an der Coupe de Luxembourg war kurz, den éischten Tour verléiert Käerch zu Colmer/ Bierg 3:2 no Verlängerung. 

 

D'Saison 2019-2020 war eng schwiereg Saison um sportleche Plang d'Saison ass net fäerdeg gespillt ginn aus dem bekannte Grond vun der Covid Pandemie. Nom Ofbroch vun der Saison am Mäerz 2020 huet de Comité decidéiert no 6 Joer mat engem néien Trainerstaff weider ze fueren.

 

Fir d'Saison 2020-2021 kommen de Gilles Wagner (Cheftrainer), Chris Felten (Co-Trainer a Spiller), Tomazs Padlikowski (Co-Trainer a Spiller) a Marc Kremer (Goalkeeper Trainer). Leider ass dës Saison och schonn no 7 Matcher eriwwer an de Lëtzebuerger Fussball (zumindest an den ënneschten Divisiounen) muss sech bal ee Joer gedëllege fir nees kenne Matcher ze Spillen an d'Saison 2021-2022 ze preparéieren. Ab der Saison 2021-2022 gehéiert och de Charles Simon als Kiné mat zum Staff vun de Senior Equippen.

 

 

Traineren an Presidenten 

  

Als Trainer hunn ënner anerem dës Leit d'Käercher Equippen op d'Matcher virbereed: Henri Reiners, Camille Wagner, Oscar Stamet, Leon Letsch, Lucien Deischter, Josy Schmit, Jules Desorbay, Jules Kolber, Roger Barthel, François Krippler, Nic. Schwinninger, Jean-Marie Nuremberg, Jos Dumont, René Noerdinger, Fernand Camporese, Jean Altzinger, François Mees, Roland Kalté, Jean-Paul Martin, Nico Graas, Carlo Portzenem, Jean Kerger, Gilbert Schmit, Emmanuel Marchal, Tun Darrosa, Herman Vosman, Marco Achten, Enver Kelmendi, Marco Palumbo, Lorenzo de Carolis, Alain Palgen, Gilles Wagner. 

 

Ënner aneren hunn dës Presidenten de Klub gefouert: Joseph Thirifay, Edouard Klaren, Edouard Einsweiler, Pierre Ewert, Victor Oster, Michel Peiffer, Felix Filbig, Ernest Altzinger, Robert Schmit, Joseph Jeitz, Felix Graul, Jean-Baptiste Haupert, Joseph Bintner, Roger Christophe, Armand Haler, Albert Hensel, Guerino Agosta, Jean Altzinger, Constant Risch, Marcel Thill, François Schmit, François Mees, Jemp Procacci, Patrick Schiltz. 

 

***********

 

E Grousse Merci dem Jang Altzinger deen eis dësen flotten an kompletten Abléck an d'Geschicht vum FC Käerch gëtt.

Mir erlaben eis dann och nach e bëssen Geschicht iwwert de Jang matzedeelen.

Hien ass säit 1959 Member beim FC Käerch an ass haut nach en treien Supporter vum Veräin.

 

 

Sponsoren