Den FC Käerch seet all senge Sponsoren en grousse Merci fir hir Ënnerstëtzung iwwert di ganz Saison di eis erméiglecht eis Equippen ze encadréieren.
All eis Sponsoren sinn op eisem Site ze fannen an an eiser Stadionzeitung, dei bei all Heemmatch vun eiser Senior 1 Equipe an zweemol am Joer an der ganzer Gemeng Käerch ausgedeelt gëtt.
Den FC Käerch huet och d'Méiglechkeet e Calicot vun ärer Firma opzehänken.
Sidd dir interesséiert de FC Käerch ze ënnerstëtzen da mellt iech op fckaerch@gmail.com.
Villmools Merci!